Gemeng Stadbriedemes

From Wikipedia
Gemeng Stadbriedemes
d'Märei vu Stadbriedemes
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Stadtbredimus
de: Stadtbredimus
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Réimech
Chef-lieu Stadbriedemes
Buergermeeschter Robert Beissel
Awunner 1.984
  1. Januar 2023
Fläch 1.017 ha
Héicht 147 m
Koordinaten 49° 33’ 50’’ N
      6° 21’ 50’’ O
LAU-Code LU1207
Websäit https://www.stadtbredimus.lu/

D'Gemeng Stadbriedemes ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Réimech. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Stadbriedemes vun där se och hiren Numm huet.

Uertschaften an der Gemeng[edit | edit source]

Zu der Gemeng Stadbriedemes gehéiert och nach de Bicherhaff.

Geographie[edit | edit source]

Stadbriedemes läit op der Musel, vis-à-vis vum däitsche Palzem.

Geschicht[edit | edit source]

Wéi d'Musel kanaliséiert gouf, hunn Aarbechter, do wou haut d'Staustuf steet, Iwwerreschter vun enger réimescher Bréck fonnt. Analysen hunn erginn, datt déi Bréck méi al wéi Tréier ass.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Monument Réimerbréck zu Stadbriedemes.

Sou goungen d'Réimer bei Stadbriedemes iwwer eng Fuert aus Gestengs, op déi aner Säit vun der Musel, wann de Floss niddreg war. Bei héijem Waasser hu si Pontone benotzt. Fir déi viru Feinden ze beschützen hate si, op der Plaz vum spéidere Schlass, e befestegten Tuerm opgeriicht.
1857 gouf op der "Rauknupp" e réimesche Kierfecht mat Kréi, Mënzen, Schosselen a soss Geschier fonnt.

Am 8. Joerhonnert huet de Pippin de Jonken den Haff Réimech, zu deem och Stadbriedemes gehéiert huet, der Abtei Sankt Maximäin vun Tréier geschenkt. Méi spéit goung den Haff un d'Abtei vu Prüm.

1602 gëtt fir d'éischt an Dokumenter den Numm "Stadtbredimus" ernimmt, virdru war et ëmmer "Bredeniss" oder "Bredimus". De Johann von Wiltz war den Här vu Stadbriedemes. No sengem Doud gouf säi Grondbesëtz an zwee gläich Deeler opgedeelt. Ee vun hinnen huet de Freiherr von Braubach kaaft, vun deem aneren Deel gëtt et weider keng Informatioun.

1670 koum Stadbriedemes an de Besëtz vun der Famill Meternich-Burscheid.

Ursprong vum Numm[edit | edit source]

Den Numm Stadtbredimus kënnt vum Keltesche "Bre - den - Es", dat sou vill wéi "iwwer dem Waasser héije Buedem" heescht a "Stad" wat de selwechte Sënn wéi "Uwänner" (vun der Musel, an dësem Fall) huet.

Entwécklung vun der Awunnerzuel[edit | edit source]

Quell:STATEC

Wopen[edit | edit source]

Beschreiwung am Originaltext:

d'or à deux portes d'écluses entr'ouvertes de sable, sur une terrasse ondée d'azur et d'argent de cinq pièces, au chef de gueules chargé de trois ceps fruités sur échalas, le tout d'or
D.C. 1. Abrëll 1988 - A.M. 5. Oktober 1988 - Mémorial B 1988, Säit 759 - Projet: 1965 Robert Matagne

Politik[edit | edit source]

De Gemengerot vun der Gemeng Stadbriedemes gëtt nom Majorzsystem gewielt.

Buergermeeschteren[edit | edit source]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Interkommunal Syndikater[edit | edit source]

D'Gemeng Stadbriedemes ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckeswäertes[edit | edit source]

Biller[edit | edit source]

Kuckt och[edit | edit source]

Um Spaweck[edit | edit source]

Commons: Stadbriedemes – Biller, Videoen oder Audiodateien